Konditiounen

D’Ufro soll mat Dokumenter (Fotoen, Deplianten, Broschüren,…) déi dir nëtzlech fir de Comité fannt, vervollstännegt ginn.

De Comité vun der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers huet d’Recht fir iech ze kontaktéieren fir en Rendezvous fir eng Visitt ofzemaachen.

Fir de Label an den Zertifikat ze kréien ginn eng Kéier 200 Euro bezuelt. Äre Betrib verflicht sech dëse Montant op de Konto vun der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers ze iwwerweisen, nodeems der d’Rechnung kritt hutt.

D’Benotzen vum Label muss dem Reglement entspriechend gemaach ginn.

D’Entscheedung vum Comité ass ouni Recours.

Schécken vum Logo an d’Erlabnis dass dëse benotzt gëtt.

Règlement

D’Ziel vum Reglement ass et d’Konditiounen an d’Notzen vun der kollektiver Mark MADE IN LUXEMBOURG ze definéieren.