Made in Luxembourg > Reglement

Reglement

Reglement fir d’Notzen an de Kontroll vum lëtzebuerger Hierkonftslabel

D’Reglement huet als Ziel d’Konditiounen an d’Notzen vun der kollektiver Mark « Made in Luxembourg », och lëtzebuerger Hierkonftslabel genannt, ze definéieren.

  1. 1

    Eegentum

    Déi kollektiv Mark “MADE IN LUXEMBOURG”, déi beim OBPI als bildlecht Zeechen deposéiert ass, huet als Ziel lëtzebuerger Produkter an Déngschtleeschtungen ze ënnerstëtzen.

  2. 2

    Entscheedungskompetenz

    De lëtzebuerger Hierkonftslabel gëtt op Ufro vum Produzent oder vum Déngschtleeschter entweder vun der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers, oder vun denen zwee zesummen verginn.

  3. 3

    Gebrauch an Recht fir de Label ze benotzen

    D’Titulairen bewëllegen dem Produzent an/oder dem Déngschtleeschter d’Recht fir de lëtzebuerger Hierkonftslabel ze notzen.

    De Label gëtt fir d’Dauer vun 5 Joer bewëllegt, fir lëtzbuerger Produkter an/oder Déngschtleeschtungen.

  4. 4

    Zougangskriteren

    D’Bewëllegungsbestëmmungen kennen nëmmen fir individuell oder kommerziell Betriber ugewannt ginn, ausgeschloss sinn ASBLen an Ariichtungen déi ënnert dem Statut vum ëffentlechen Recht fonctionnéieren.

  5. 5

    Rechter an Verflichtungen

    D’Betriber déi de Label kréien, kennen en op hir Produkter maachen, esou wéi op hir Verpackung. Fir Déngschtleeschtungsbetriber hänkt de Notzen vum Label vun den Ëmstänn an dem direkten Zesummenhank mat der Déngschtleeschtung of.

  6. 6

    Entscheedungsgremien

    D’Titulairen entscheeden virun allem iwwert :

    - d’Notzungsrecht vum Label,
    - d’Zréckzéie vum Notzungsrecht,
    - d’Modalitéiten an de Kontroll vum Notze vum Label,
    - d’Geriichtsaktiounen wann de Label illegal benotzt gëtt.

  7. 7

    Iwwerwaachungsrot

    D’Iwwerwaachen vun der Mark gëtt vum Iwwerwaachungsrot gemaach.

    Den Iwwerwaachungsrot kann all d’Kontrollmesuren huelen déi en wichteg fënnt, dëst steet a sengen Zoustännegkeeten.

  8. 8

    Strofen

    D’Chambre de Commerce, d’Chambre des Métiers an den Iwwerwachungsrot sinn d’Referenzautoritéiten.

    Am Fall wou d’Beneficiairen hir Verflichtungen net respektéieren, kennen Strofen ausgesprach ginn ( Verwarnung, Suspendéierung an/oder Zeréckzéien vum Notzungsrecht, Prëtekoll).

  9. 9

    Sträitfall

    All Meenungsverschiddenheet a punkto Zouerkennen, Benotzung oder Zeréckzéien vum Hierkonftslabel gëtt dem Schiidsrichterzentrum vun der Chambre de Commerce ënnerbreed.

    D’Meenungsverschiddenheet gëtt definitiv nom Reglement vum Schiidsrichterzentrum vun der Chambre de Commerce tranchéiert.

  10. 10

    Akraafttrieden

    D’Bestëmmungen vun dem Notzungs- a Kontrollreglement vum lëtzebuerger Hierkonftslabel trieden a Kraaft ab dem Datum vun der Notifikatioun vum Reglement beim « Office Benelux de la Propriété Intellectuelle »

Wëllt der dat komplett Reglement eroflueden ? Télécharger le règlement