Made in Luxembourg > Virstellung

Virstellung

Wat ass de Label ?

De Label « Made in Luxembourg », deen aus engem Numm an engem Logo besteet, ass säit 1984 op Initiative vum Ausseministère, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers, eng registréiert Mark déi d’lëtzebuerger Hierkonft vum Produkt oder Service vermëttelt.

Chambre de
commerce

chambre des métiers

Als Beruffschamber an ëffentlech Ariichtung, déi d’Betriber vun all Wirtschaftssecteur zesumme regroupéiert – ausser d’Handwierk an d’Landwirtschaft- geséit d’Chambre de Commerce seng Roll an der Verdeedegung vun den Interessen vu sengen Memberen.

www.cc.lu

Chambre
des métiers

chambre des métiers

Als Beruffschamber a moralesch Persoun no ëffentlechem Recht, déi all d’Handwierksbetriber regroupéiert, geséit d’Chambre des Métiers seng Missioun an seng Roll an der Verdeedegung vun den Interessen vun senge Memberen, aus dem Handwierkssecteur an de lëtzebuergeschen Kleng- a Mëttelbetriber.

www.cdm.lu

Zieler vum Label

Et ass noutwendeg sech mat senge Produkter a Servicer géintiwwer der Konkurrenz ze behaapten. Sech vun auslännesche Betriber ze ënnerscheeden ass fir lëtzebuergesch Betriber net nëmmen am Ausland hëllefräich, mee och méi a méi hei zu Lëtzebuerg.

Schlësselzuelen

Betriber déi de Label nei kruuten

250 300 500 750

Depuis la mise en place du label « Made in Luxembourg », 219 ressortissants de la Chambre de Commerce et 171 ressortissants de la Chambre des Métiers ont demandé à recevoir le label. Dans la majorité des demandes traitées, le label a été octroyé pour des produits.

Grënnung vum Label

1990 2000 2010 1984

Tëschent 1984 an 2003, krute 75 Betriber déi bei der Chambre de Commerce Member sinn de Label fir hir Produkter a Servicer. Déi nächst 10 Joer huet sech d’Zuel bal verduebelt, op 130 Sociétéiten. 71 Handwierksbetriber kruten de Label déi éischt 20 Joer an säit 2004 huet d’Chambre de Métiers de Label un 100 Memberen verginn. D’lescht Joerzéngt huet de Label een ëmmer méi grousst Interessie am Handwierkssecteur erlieft.

Vidéo

 

 

Säit der Fréijoersfoire 2013 erlaabt d’Chambre de Commerce senge Memberen, déi de Label « Made in Luxembourg » hunn, um Gemeinschaftstand vun der Chambre de Commerce matzemaachen. Um Stand gëtt dat formidabelt Kënnen vun de lëtzebuerger Betriber gewisen. Entdeckt de Video :