Froenfoire

Wat ass de Label ?

De Label « Made in Luxembourg », deen aus engem Numm an engem Logo besteet, ass säit 1984 op Initiative vum Ausseministère, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers, eng registréiert Mark déi d’lëtzebuerger Hierkonft vum Produkt oder Service vermëttelt.

Déi méescht gestallten Froen

  1. 1. Ass mäi Betrib Member vun der Chambre de Commerce oder vun der Chambre des Métiers ?

    Dat hänkt vun ärer Aktivitéit of. Ass äre Betrib aktiv am Handwierk, sidd dir Member bei der Chambre des Métiers. Soss sidd der Member bei der Chambre de Commerce. Wann Zweifel sinn, kontaktéiert eis.

  2. 2. Fir wat fir eng Produkter oder Servicer kann en den Label ufroen ?

    De lëtzebuerger Hierkonftslabel kann nëmmen fir lëtzebuerger Produkter oder Servicer benotzt ginn. Als lëtzebuerger Produkter ginn unerkannt lëtzebuergesch Wueren déi zu Lëtzebuerg hirgestallt ginn oder déi wou déi lescht substantiell Transformatioun zu Lëtzebuerg geschitt ass.

    Eng lëtzebuerger Déngschtleeschtung ass eng déi vun engem Déngschtleeschter, dee regelméisseg am Grand-Duché etabléiert ass, gemaach gëtt. Wann d’Déngschtleeschtung just doranner besteet importéiert Produkter zesummen ze setzen, d’Plangen an d’Entwécklung vun engem Produkt oder Berodung ass, muss den Déngschtleeschter säi besonnescht Kënnen oder de Respekt vu berufflechen Regelen, déi eegen fir Lëtzebuerg sinn an eng speziell Eegenschaft fir déi genannten Déngschtleeschtung duerstellen/beweisen. Konsultéiert eist Reglement.

  3. 3. Ass de Label liewenslaang gëlteg ?

    Wann äre Betrib de Label fir en Produkt oder en Service krut, kritt en e Zertifikat deen offiziell bestätegt dat en d’Erlaabnis krut fir de Label « Made in Luxembourg » ze benotzen. Dësen Zertifikat ass 5 Joer gëlteg. No 5 Joer gëtt eng Iwwerpréifung gemaach. Fir all zousätzleche Produkt oder Service op der Lëscht vun de Produkter a Servicer déi de Label hunn, muss eng nei Ufro gestallt ginn.

  4. 4. Wat ass d'Plus-value vum Label fir mäi Betrib ?

    De Label helleft Iech, iech um nationalen an internationalen Maart ze  differenzéieren.

  5. 5. Kann ech eng Ufro maachen wann ech weder bei der enger nach bei der anerer Chamber agedroen sinn?

    Nee, de Label kann nëmmen un d’Memberen vun deenen zwou Chamberen verginn ginn.

  6. 6. Wéi laang muss ech op eng Äntwert waarden wann ech eng Ufro gemaach hunn ?

    Normalerweis, 1-2 Wochen.

  7. 7. Wéi soll ech de Label benotzen ?

    De Label muss laut de Kriteren vum Artikel 1 vum Reglement schwaarz op weiss benotzt ginn.

  8. 8. Wéi vill kascht de Label ?

    Fir de Label an den Zertifikat ze kréien ginn eng Kéier 150 Euro bezuelt. Äre Betrib verflicht sech dëse Montant op de Konto vun der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers ze iwwerweisen, nodeems der d’Rechnung kritt hutt. D’Chambre de Commerce an d’Chambre des Métiers hunn d’Recht fir den Montant vun den Verwaltungskëschten se erhéijen.

     

Reglement

D’Ziel vum Reglement ass et d’Konditiounen an d’Notzen vun der kollektiver Marque « Made in Luxembourg » ze definéieren.