Made in
Luxembourg
Wéist stolz d’Hierkonft vun ärem Kënnen.
Zanter der Créatioun vum Label Made in Luxembourg am Joer 1984
hunn 880 Entreprisen d’Autorisatioun kritt, hiren Produkter an Déngschtleeschtungen dësen Label ze ginn.
An enger globaliséierter Welt ass d’Informatioun iwwert d’Hierkonft vun engem Produkt oder engem Service e wichtegt Element fir den Verbraucher. De Label “Made in Luxembourg” erlaabt iech d’Hierkonft vun ärem Kënnen ze weisen. De Label kann och nëtzlech sinn fir d’Vermaarktung vun äre Produkter a Servicer zu Lëtzebuerg an am Ausland, fir iech vun äre Konkurrenten ze ënnerscheeden.
De Label « Made in Luxembourg » verséchert dem Verbraucher d’lëtzebuerger Hierkonft vun engem Produkt oder Service deen de Label krut. De Label gëtt onofhängeg vun der Chambre de Commerce oder der Chambre des Métiers verdeelt, wouduerch seng Pertinenz garantéiert gëtt.